HOPS – Mam Hues op den Ski

Ween well eng onvergiesslech Schivakanz aliewen ?

Dann bass du zu Saas-Fee op iwwert 2000 Meter Héischt genau richteg. Op méi wéi 100 km Piste fir all Niveau suerge mir fir Spaass an Action. Net vir näischt schwätzt een am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, vun “Die Perle der Alpen” !

Icebreakers

Egal op Schi oder Snowboard, an der „Aletsch Arena“ huet all Mënsch Spaass. 104 km top preparéiert Piste waarden op dech. Op 2869 Meter si vun Dezember bis Abrëll perfekt Bedingunge garantéiert. An de Snowparken, Halfpipes oder op de Freeride Piste ka jiddereen sech austoben.

Mir waarden op dech!

 

Kanner op Ski

Du wollts schonn ëmmer eemol Schi fueren? Dann ass lo de Moment!

Zesumme mat anere Kanner fiers du dee ganzen Dag Schi. Tëscht Spiller op der Pist, Aktivitéiten am Chalet oder Nuets Schlitt fuere goen, wäerte mir ganz vill Spaass hunn.  Schnapp der déng Wallis, do gutt waarm Kleeder un a komm mat eis an d‘franséisch Alpe Schi fueren. 30 km wäit ewech vu Grenoble erwaart dech hei een 90 km grousst Schigebitt , opgedeelt a méi wéi 43 top Pisten déi fir all Niveau gëeegent sinn.

Powderdays

Hues du Loscht mat alen an neie Kolleegen deng Ouschtervakanz am Schnéi ze verbréngen? Dann komm mat op Saas-Fee!

Am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, wäerte mir eng Woch laang op iwwer 100 km Pisten eise Spaass um op de Schi an um Snowboard hunn. Domat net genuch! Op 3500 Meter kenne mir e wonnerschéine Bléck op d’Bierger genéissen an de Gletscher besichen. Och Owes am Chalet hunn mir nach e coole Programm.

Opgepasst ! Ufänger kenne bei deser Kolonie just Schi léieren a kee Snowboard.

 

Silvesterkolonie

D’Ënn vum Joer réckt méi no, a Silvester steet virun der Dier. Fir eis zwou Bomien, d’Josephine an d’Sidonie, ass et wéi all Joer, eng zimmlech langweileg Zäit. Si géinge mol erëm gäre wéi an hire jonke Jore puer Aventuren aliewen. D’Josephine an d’Sidonie kennen déi eng oder aner Geschicht. Zemools eng dovun, géingen déi zwou Frëndinne gären nach eng Kéier opliewe loossen.

Wann’s du Loscht hues mat eise Bomien eng spannend Woch ze aliewen, da mëll dech séier un!

 

La Panne Rock&Roll

La Panne Rock&Roll !!

Des Vakanz riicht sech un jonk Läit mat speziellen Besoin’en ab 16 Joer. An engem flotten Kader, onst Vakanzen Haus d’Sandkaul läit 400 Meter vun der Plage ewech, bidden mir hinnen e puer Deeg Vakanz zesummen mat Gläichgesënnten. Hei kann jiddereen sech erhuelen, sech ameséieren, Spaass hunn, an dëst an engem deenen jeeweilegen Besoinen ugepassten Rhythmus. Begleet ginn die jonk Läit vun jonken Bénévole vum Jugendroutkräiz, die hei zesummen mat hinnen e puer flotter Deeg wëllen verbréngen. D‘Aktivitéiten sinn un die jeeweileg Besoin ‘en vun den Participanten ugepasst. Mir maachen flott Spazéiergang duerch d’Dünenwelt, gi Minigolf spillen, Gokart fueren, buddelen um Strand, Schokki drénken op der Digue mat engem gudden Eisekuch, an en Besuch am bekannten Plopsaland ass och geplangt.

Mir freeën ons zesummen mat dir op eng flott Vakanz!!

Ouschtervakanz am Parc Housen

Texte en attente

Meng Fuesparty zu Befort

Texte en attente

Schi an Snowboardvakanz an den Alpen

Silvester zu Eben am Pongau am Salzburgerland
Vum 26.12.2023-.03.01.2024
Fir Jonker vun 13 – 17 Joer
Eng Destinatioun fir ons Silvester Schivakanz. Am schéinen Salzburgerland zu Eben am flotten Jugendhotel Lindenhof wäerten mir zesummen mat dir eng flott Vakanz verbréngen, mat vill Schnei, Schi fueren an natierlech net ze vergiessen Silvester zesummen feieren.
An der Ski Amadé kanns du op méi ewéi 120 km Pisten deng Schi Kenntnisser verbesseren. Och als Ufänger bass du hei beschtens opgehuewen an enger vun den Schi Schoulen deng éischt Schrëtt op den Schier an den Bierg erof ze erfueren! 
Mell dech un, an komm mat ons Schi fueren!
St. Silvestre à Eben im Pongau dans le pays de Salzburg (Autriche)
Du 26.12.2023 – 03.01.2024
Pour des jeunes de 13 – 17 ans
Une destination pour nos vacances de ski à la veille du Nouvel An ! Nous allons passer des super vacances à Pongau à l’hôtel « Jugendhotel Lindenhof », réputé pour son ambiance festive : beaucoup de neige, du ski, et naturellement fêter ensemble la St. Silvestre et le passage en 2023.
Au Ski Amadé, tu pourras améliorer ta pratique du ski sur les 120 km de pistes de la station de ski. Si tu es novice, tu auras l’occasion de faire tes premiers pas sous la tutelle d’une des écoles de ski locales.
Ne perds pas de temps, inscrits toi vite pour passer avec nous des vacances de ski inoubliables.

Wantervakanz um Sammeshaff

Néi Destinatioun: Wantervakanz um Sammeshaff

Wanterzäit ass eng besënnlech Zäit

Fir eis klengsten Bierger net ze vergiessen an hinnen des besënnlech Zäit mäi no ze bréngen, gëtt et dësen Wanter eng ganz nei Wantervakanz fir Kanner vun 4-7 Joer. Des ass vum 2ten Januar bis den 06ten Januar 2024, an spillt sech am gemittlechen  Sammeshaff zu Munzen of.

Heibäi dréit sech alles em d’Thema: Wanter.
 
Dëst geet vun leckeren Kichelcher baken,  iwwer zu Wanterdekoratioun bastelen fir am Haus an dobaussen, fir nëmmen e puer flott Aktivitéiten vun dëser Vakanz ze
nennen. An natierlech vergiessen mir net och am Wanter kann een sech dobaussen esou richteg gudd ameséieren! Déi flott Baussenanlag vum Chalet bidd ons eng flott Bühn fir flott Abenteuer ze erliewen, an falls d’ Wieder et gudd mat ons soll mengen, dann kéinten jo villäicht souguer mam Schlitt fueren goen oder eng flott Schnéiballschluecht géint ons Moniteuren maachen!
 
Dat ganzt versprécht Spaass an e puer schéin Deeg fir eis Kleng. Natierlech gëtt et owes virum Schlofen eng schéin Nuertsgeschicht fir dass een extra gutt schlofen kann. Fir lecker Iessen an Gedrénks zu den kalen Wanterdeeg ass selbstverständlech gesuergt, genee sou wéi fir eng gutt Stëmmung an vill schéin Momenter. Mir freeën ons ob dech!