Retour

Vamos al Sud

Type d'activité

Colonie (indoor)
L'activité a déjà eu lieu

Pak däi Rucksak. Mir huelen dech mat op eng Rees wou’s du d’Méiglechkeet hues mat aner Jonken an dengem Alter de Süde vun Europa kennenzeléieren. Zesummen entdecke mir d’Geschicht vun deene bekanntsten Architekten, schloen eis de Bauch mat de beschte Paellas an Tapas voll a loossen eis esou duerch déi schéinste Stied a Spuenien an a Südfrankräich féieren. Als Souvenir bréngs du en Album voller Erënnerungen an de Rucksak voll mat Erfarungen zeréck.

 

Um Programm sti Marseille, Barcelona, Valencia, Madrid, Carcassonne a Lyon.

Informations supplémentaires concernant l'activité et l'inscription

Organisateur