Du brauchs frëschen Wand an dengem Summer? Dann ass d‘Lëtzebuerger Segelschoul um Stauséi genau dat richteg fir dech. Obs du schonn Erfarung matbréngs oder bis elo nëmmen um Land ënnerwee waars, d‘Segelwochen sinn fir jiddereen do. Tëschent 10 an 17 Joer begréissen mir all Matrous zu op der Base nautique Lultzhausen. 5 Deeg laang entdecken mir daagsiwwer d’Waasser an eist Segelboot, erkunden Owes d’Land an schlofen an der Nuecht an Zelter. Looss deng Summervakanz mat enger eenzegaarteger Aventure ufänken!
Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen.
WICHTEG: Fir un dësem Camp deelhuelen ze kënnen, muss du am Besetz vun engem Schwammbrevet sinn. Desweideren brauchs du en certificat d’aptitude vun engem Dokter.