Retour

Déi kleng Naturfuerscher 2

Type d'activité

Camp (outdoor)

Den SNJ Hollenfels Zentrum „Natur erliewen“ organiséiert en Naturcamp zu Huelmes wärend de Päischtvakanzen 2026. D'Welt vun de  Beien entdecken, Bauerenhaff Déieren besichen, e Feier maachen, sculptéieren a kachen am Fräien – all dat a vill méi steet um Programm.

Owes kënnt Dir wonnerbar Erliefnisser an der Natur genéissen an am Zeltlager am Bongert iwwernuechten.

Wärend dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Vergiesst net déi néideg Ausrüstung fir Äert Kand matzebréngen, wéi zum Beispill e Schlofsak an e Këssen.

Inscription