Wiichtelchersweekend

D’Wieder gëtt rëm méi kal an den éischte Schnéi fänkt u mat falen. An domat fänken och d’Wiichtelcher u sech op Chrëschtdag virzebereeden. Well d’Wiichtelcher awer nieft de Kaddoen, déi se virbereeden och ganz gäre spillen, bastelen a baken, géifen si sech driwwer freeën, wann s du dëst Joer mat denge Kollege bei si géifs kommen. Si erwaarden dech a 40 aner kleng Wiichtelcher fir dir hiert grousst Räich ze weisen. Mir schlofen zu Huelmes am Schlass, fir Bettgedecks ass gesuergt, mee vergiess däi Petzi net, dee well déi grouss Aventure bestëmmt net verpassen !

Vampiren a Gespenster Weekend

Zu Huelmes am Schlass spuke säit Joerhonnerte Geeschter ronderëm, déi hei hiert Doheem hunn. Wa bis ee Vampir un de Schlassdieren optaucht an sech och nach eng al Hex amëscht, kënnt et zum Chaos ënnert de Schlassbewunner. Wann s du wësse wëlls, wat do am Schlass lass ass, da mell dech séier un!