Leoniden Tour 2023

Am Kader vun der Ausstellung am natur musée « Asteroid Mission » gi mir
esou munches iwwert Meteoroide gewuer, mir beobachten de Stärenhimmel op
der Sich no Stäreschnäizen, maachen e spannenden Astro-Rallye a kachen e
galaktesch gutt Iessen. Eppes fir Waakreger!
Dans le cadre de l’exposition « Asteroid Mission » du « natur musée », nous apprendrons des choses sur les météoroïdes, nous observerons le ciel étoilé à la recherche d’étoiles filantes, nous participerons à un astro-rallye passionnant et nous cuisinerons un bon repas galactique. Pour les plus éveillés !

Wiichtelchersweekend

D’Wieder gëtt rëm méi kal an den éischte Schnéi fänkt u mat falen. An domat fänken och d’Wiichtelcher u sech op Chrëschtdag virzebereeden. Well d’Wiichtelcher awer nieft de Kaddoen, déi se virbereeden och ganz gäre spillen, bastelen a baken, géifen si sech driwwer freeën, wann s du dëst Joer mat denge Kollege bei si géifs kommen. Si erwaarden dech a 40 aner kleng Wiichtelcher fir dir hiert grousst Räich ze weisen. Mir schlofen zu Huelmes am Schlass, fir Bettgedecks ass gesuergt, mee vergiess däi Petzi net, dee well déi grouss Aventure bestëmmt net verpassen !

Vampiren a Gespenster Weekend

Zu Huelmes am Schlass spuke säit Joerhonnerte Geeschter ronderëm, déi hei hiert Doheem hunn. Wa bis ee Vampir un de Schlassdieren optaucht an sech och nach eng al Hex amëscht, kënnt et zum Chaos ënnert de Schlassbewunner. Wann s du wësse wëlls, wat do am Schlass lass ass, da mell dech séier un!