Silvester am Schnéi

Egal op Schi oder Snowboard, um Flumserberg an da Schwäiz fënnt jiddereen seng Piste. Mat 65 km op 2501 Meter Héischt ass fir all Niveau eppes dobäi. Fir e flotten Owesprogramm no engem ustrengende Schi Dag ass beschtens gesuergt.

Mëll dech schnell un a rutscht mat eis an d’néit Joer 2025!

Opgepasst! Ufänger kennen des Kolonie nëmme Snowboard léieren, a kee Schi!

Powderdays

Hues du Loscht mat alen an neie Kolleegen deng Ouschtervakanz am Schnéi ze verbréngen? Dann komm mat op Saas-Fee!

Am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, wäerte mir eng Woch laang op iwwer 100 km Pisten eise Spaass um op de Schi an um Snowboard hunn. Domat net genuch! Op 3500 Meter kenne mir e wonnerschéine Bléck op d’Bierger genéissen an de Gletscher besichen. Och Owes am Chalet hunn mir nach e coole Programm.

Opgepasst ! Ufänger kenne bei deser Kolonie just Schi léieren a kee Snowboard.

Hops mam Hues op de Ski

Op méi wéi 100 km Piste fir all Niveau suerge mir fir Spaass an Action. Net vir näischt schwätzt een am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, vun “Die Perle der Alpen” !

Icebreakers

Egal op Schi oder Snowboard, an der „Aletsch Arena“ huet all Mënsch Spaass. 104 km top preparéiert Piste waarden op dech. Op 2869 Meter si vun Dezember bis Abrëll perfekt Bedingunge garantéiert. An de Snowparken, Halfpipes oder op de Freeride Piste ka jiddereen sech austoben.

Mir waarden op dech!

Kanner op Ski

AUSGEBUCHT

Du wollts schonn ëmmer eemol Schi fueren? Dann ass lo de Moment!

Zesumme mat anere Kanner fiers du dee ganzen Dag Schi. Tëscht Spiller op der Pist, Aktivitéiten am Chalet oder Nuets Schlitt fuere goen, wäerte mir ganz vill Spaass hunn.  Schnapp der déng Wallis, do gutt waarm Kleeder un a komm mat eis an d‘franséisch Alpe Schi fueren. 30 km wäit ewech vu Grenoble erwaart dech hei een 90 km grousst Schigebitt , opgedeelt a méi wéi 43 top Pisten déi fir all Niveau gëeegent sinn.

 

De Wonnerbësch

Du wollts schonn ëmmer t’Halloweenswelt mat neie Kolleegen erkënnegen?

Da komm mat eis an de Wonnerbësch, wou béid Welten sech treffen, a wou sech e puer aussergewéinlech Kreature verstoppen!

Schreif dech séier an! De Wonnerbësch mat all senge Geheimnisser waart op dech!