Aqua Camp

Du bass eng Waasserrat a wollts schonn ëmmer eng Kéier Surfen a Seegelen, an dat zesumme mat anere Kanner?

Da komm mat an den Aqua Camp un déi däitsch Ostsee. Hei erwaarden dech nieft dem Waassersport och nach e villfältege Programm wéi Klammen an aner Aktivitéiten.

Mir freeën eis op dech.

Lët’z travel East

Du hues tëscht 14 a 17 Joer a gees gär op Entdeckungsrees? Du wëlls onvergiesslech Momenter mat anere Jonken erliewen?

Dann pak däi Rucksak a bereet dech op eng onvergiesslech Rees mam Zuch fir. Erop op Berlin, wou mer de Spuere vun der däitscher Geschicht noginn. Duerno geet eis Rees weider an den Oste vu Prag op Bratislava, laanscht d’Donau Richtung Budapest. Eise Wee zeréck féiert eis duerch Bierglandschafte vu Graz op München. Als Souvenir bréngs du en Album voller Erënnerungen an de Rucksak voll mat Erfarungen zeréck.

Schreif dech an, a léier deng Kolleege schonn am Virfeld kennen.

 

Lët’z have fun

Bass du bereet deng Grenzen ze iwwerschreiden an dech selwer erauszefuerderen? Du hues Loscht, nei Plazen zu Lëtzebuerg ze entdecken?

Da looss dech ob dës spannend Rees an. Bei eis gëtt definitiv fir Fun an Action gesuergt. Langweil kënnt bei eis net a Fro, mir sinn ëmmer prett fir eng nei Challenge.

Komm mat an iwwerzeeg dech selwer!

Harry Potter 2

Eng magesch Aventure fir Jonk an Al!

Wëllkomm an der Welt vum Harry Potter! Eis Kolonie entféiert iech an déi zauberhaft Welt vun Hogwarts, wou spannend Aventuren, magesch Erausfuerderungen an onvergiesslech Erliefnisser op iech waarden. Jee no Alter an Erfarung ginn di jonk Hexen an Zauberer an zwou Gruppen opgedeelt.

D’Vertrauensschüler starten hire mageschen Dag schonn am Moien. Als eelsten an erfuerensten Zauberschüler iwwerhuelen si wichteg Aufgaben, hëllefe bei der Organisatioun an tauchen déif an d’Geheimnisser vun der Zauberkonscht an. Si verbesseren et nëmmen hier Fäegkeet am Zauberen, mee si stäerken och hier Féierungsqualitéiten – ganz wéi d’Vertrauensschüler vun Hogwarts.

Taucht an, an dës magesch Kolonie, an der Kanner a Jugendlecher zesumme léieren, wuessen an eng fantastesch Zäit matenee verbréngen. Egal op  Éischtklässler oder Vertrauensschüler – jidderee gëtt Deel vun dëser zauberhaften Aventure!

Harry Potter 1

Eng magesch Aventure fir Jonk an Al!

Wëllkomm an der Welt vum Harry Potter! Eis Kolonie entféiert iech an déi zauberhaft Welt vun Hogwarts, wou spannend Aventuren, magesch Erausfuerderungen an onvergiesslech Erliefnisser op iech waarden. Jee no Alter an Erfarung ginn di jonk Hexen an Zauberer an zwou Gruppen opgedeelt.

D’ Éischtklässler stoussen zur Mëttesstonn dobäi an erliewen hier éischt Schrëtt an der Welt vun der Magie. Hei léieren déi jonk Hexen an Zauberer spilleresch d’Grondlagen, meeschtere kleng Aventuren an entdecken di magesch Welt op hier eegen Aart a Weis kennen. Ënnert der Leedung vu Vertrauensschüler a Betréier wuessen si an d‘Roll vun zukünftegen Zauberer ran.

Taucht an, an dës magesch Kolonie, an der Kanner a Jugendlecher zesumme léieren, wuessen an eng fantastesch Zäit matenee verbréngen. Egal op  Éischtklässler oder Vertrauensschüler – jidderee gëtt Deel vun dëser zauberhaften Aventur.

Avatar

Bass du prett fir en onvergiesslecht Abenteuer? An dëser Kolonie tauche mir an, an eng magesch Welt, wou déi véier Elementer – Waasser, Buedem, Feier a Loft – am Mëttelpunkt stinn. All Kand gëtt Deel vun enger vun de véier grousse Gemeinschaften, déi sech de Geheimnisser vun hirem Element widmen.

Awer an der Mëtt vun all den Aufgaben an Aventure feelt eppes Wichteges: den Avatar, deen eenzege, dee fäeg ass, all véier Elementer ze meeschteren. Zesumme maacht dir iech op eng spannend Sich, léist Rätselen, iwwerwannt Hürden a meeschtert Erausfuerderungen, fir den Avatar ze fannen an d’Balance tëscht den Elementer erëm hierzestellen.

Wäerten déi véier Gemeinschaften hir Kräfte vereenen an den Avatar fannen? Macht iech prett fir eng Erfarung voller Teamgeescht, Spaass a magesch Momenter!

Powderdays

Hues du Loscht mat alen an neie Kolleegen deng Ouschtervakanz am Schnéi ze verbréngen? Dann komm mat op Saas-Fee!

Am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, wäerte mir eng Woch laang op iwwer 100 km Pisten eise Spaass um op de Schi an um Snowboard hunn. Domat net genuch! Op 3500 Meter kenne mir e wonnerschéine Bléck op d’Bierger genéissen an de Gletscher besichen. Och Owes am Chalet hunn mir nach e coole Programm.

Opgepasst ! Ufänger kenne bei deser Kolonie just Schi léieren a kee Snowboard.

Hops mam Hues op de Ski

Op méi wéi 100 km Piste fir all Niveau suerge mir fir Spaass an Action. Net vir näischt schwätzt een am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, vun “Die Perle der Alpen” !