Beobachtungen an Aktiviéiten ronderëm d’Fliedermais beim Iechternacher Séi.
Statut : Complet
Adventure Camp
Nei Leit kenneléieren… zesumme bis an d’Nuecht era Spaass hunn.. am Bësch schlofen.. um Lagerfeier kachen..hiken…eng spannend Waasseraktivitéit um Stau…a villes méi.. Mell dech also séier un!
Camp Erpeldange I
Wëlls du och d’Vakanz mat engem groussen Abenteuer zu Ierpeldeng ufänken? Wou 10 Nuechten am Zelt, flott Aktivitéiten, vill Action a Spaass a Spannung um Programm stinn. Zesumme mat 100 neie Kollegen wäerte mir eng onvergiesslech Zäit mateneen verbréngen, dofir maach dech alt prett fir wann et heescht: „alles op de Camp Ierpel I!“
Culture-Point
Echange interculturel pour jeunes de 15 à 18 ans venus des pays suivants: Estonie, Finlande, Italie, Belgique, Autriche, Espagne, Luxembourg… Culture: initiation aux métiers d’arts. Visites culturelles, sports, détente, disco. Participation des pays suivants: Pour 4 résidents du Grand-Duché de Luxembourg
Camp Erpeldange II
Hues du Loscht 10 Deeg an Zelter bei der Sauer ze verbréngen? Nei an al Kollegen ze treffen an zesummen Tonne Spaass an Action ze erliewen bei Aktivitéiten wéi z.B. Hike, Spiller ouni Grenzen oder Nuetsspill? Mell dech op eisem Camp un an da gesi mer eis am Summer!
Zeltkolonie fir eis all I (colonie d’intégration)
Normal? Wat ass da schon normal! Bass du rout oder gréng am Gesicht? Fiers du mam Velo oder Rollstull? Et ass ganz egal! Bei eis daerf jiddereen mat, dee gäre laacht, spillt a mat eis een neit Abenteuer wëllt erliewen. Fills du dech prett? Da komm mat!
Camp écologique 2010
D’Erfuerschen an d’Erliewen vun der Natur ronderëm de Stauséi!
Ouschterkolonie II
Zu Huelmes am Schlass leet de Ritter Willibart lass. Wann s du wësse wëlls wat dem Ritter Willibart säi Geheimnis ass, da bass du genee richteg hei. Wëlls och du de Ritter Willibart kenneléieren a mat him spannend Abenteuer erliewen da mell dech an deng Kollege séier un! Eng Woch Spill a Spaass an eng flott Geschicht waarden op dech an deng Frënn!
Ouschterkolonie I
« Opgepasst, opgepasst!! Zu Huelmes am Schlass si komesch Saachen um lafen. Mutanten sollen anscheinend gesicht gi sin, a wien ass do besser wéi déi berühmt berüchtegt GHOSTBUSTERS fir eis all ze retten? Mee si brauchen deng Hëllef, ët si Mutanten souvill, elleng gi si se nët meeschter. Si verloossen sech op dech an deng Kollegen, mell dech sou séier wéi méiglech op d’Ouschtercolonie I un! »
HOPS – Mam Hues op den Ski
Ween well eng onvergiesslech Schivakanz aliewen ?
Dann bass du zu Saas-Fee op iwwert 2000 Meter Héischt genau richteg. Op méi wéi 100 km Piste fir all Niveau suerge mir fir Spaass an Action. Net vir näischt schwätzt een am Süde vum Kanton Wallis an der Schwäiz, vun “Die Perle der Alpen” !