Retour

Déi kleng Naturfuerscher

Type d'activité

Camp (outdoor)

De Centre SNJ Hollenfels „Natur erliewen” organiséiert an der Péngschtvakanz 2026 eng Naturkolonie zu Huelmes. D’Welt vun de Beien entdecken, d’Deieren um Bauerenhaff besichen an d’Bewunner aus dem Bësch besser kenneléieren, dat alles a nach villes mei steet um Programm.  An Owes kënn der beim Feier flott Erliefnisser an der Natur sammelen an um Zelt-Camp am Bongert iwwernuechten.

Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen.

Inscription