Vantastic

Hues du Loscht op en Abenteuer?

Dës Vakanz mam Camper bréngt dech
an Holland. Natur, Spaass a knusperege
Fritte stinn um Programm. All Dag eng nei
Etappe – Aktivitéite fir sech ze beweegen,
City Sightseeing, nei Frënn kenne léieren a
vill weider onvergiesslech Momenter.

Keng Routine, keng Elteren – just du, deng
Crew an d’Fräiheet op 4 Rieder. Also prett fir
fort?

 

Move it !

Let’s move.

Des Kolonie bedeit Beweegung an
Abenteuer. Vu Wanderung iwwert
Schwammen an nach vill méi Aktivitéiten,
déi kee roueg setze loossen. Hei geet et net
nëmmen em Sport, mee och drëms Spaass
ze hu, nei Frënn ze fannen a Freed un der
Beweegung ze entdecken.

Also erof vun der Couch, maach mat a
Move it!

 

Silvester am Schnéi 2

Egal op Schi oder Snowboard, an de
Salzburger Bierger fënnt jiddereen
seng Piste. Mat 210 km ass fir all Niveau
eppes dobäi.

Kanner a Jugend sinn am
selwechte Chalet enner bruecht a féieren
zesummen an dat néit Joer eran. No engem
ustrengende Schi-Dag ass all Owes fir e
flotte separate Programm gesuergt.

Mëll dech schnell un a rutscht mat eis an
d’néit Joer 2026!

Kanner op Ski

Du wollts schonn ëmmer eemol Schi fueren?
Dann ass lo de Moment!

Zesumme mat anere Kanner fiers du dee
ganzen Dag Schi. Tëscht Spiller op der Pist
oder Aktivitéiten am Chalet, wäerte mir ganz
vill Spaass hunn.

Schnapp der déng Wallis, do gutt waarm
Kleeder un a komm mat eis an d‘franséisch
Alpe Schi fueren. 80 km wäit ewech vu
Grenoble erwaart dech hei een 120 km
grousst Schigebitt , opgedeelt a méi wéi 48
top Pisten déi fir all Niveau gëeegent sinn.

 

Icebreakers

Du wëlls de Wanter richteg genéissen?
An der Aletsch Arena bass de genee
richteg!

Obs du en erfuerene Snowboarder/
Schifuerer bass oder deng éischt
Schwéngung mëss – hei fënnt jiddereen
seng Plaz um Bierg! 104 km super
präparéiert Pisten erwaarden dech – ideal
fir Schi- a Snowboardfans. Vun Dezember
bis Abrëll kanns du dech op bis zu 2869
Meter Héicht op top Schnéibedéngungen
verloossen. Hei geet et ëm Spaass,
Beweegung an onvergiesslech Momenter
an de Bierger.

D’Aventure waart ob dech – bass de prett?

 

Silvester am Schnéi 1

Egal op Schi oder Snowboard, an de
Salzburger Bierger fënnt jiddereen
seng Piste. Mat 210 km ass fir all Niveau
eppes dobäi.

Kanner a Jugend sinn am
selwechte Chalet enner bruecht a féieren
zesummen an dat néit Joer eran. No engem
ustrengende Schi-Dag ass all Owes fir e
flotte separate Programm gesuergt.

Mëll dech schnell un a rutscht mat eis an
d’néit Joer 2026!