Simsala-Grimm

Tauch mam Doc Croc a Yoyo an déi verzaubert Welt vun de Märercher an!

Zesumme mat Prinzessinnen a couragéierten Helden, ginn d’Kanner op spannend Abenteuer. Duerch fantasievolle Spiller, kreative Bastelaktivitéiten, spannende Geschichten a lëschteger Musek, gëtt dës Minikolonie zu enger onvergiesslecher Rees duerch d’Welt vun de Gebridder Grimm.

De Programm ass op Kanner am Alter vu 4 bis 6 Joer ausgeriicht a luet alleguer d’Kanner dozou an, zesummen ze spillen, ze entdecken an eng schéi Vakanz zesummen ze verbréngen.

 

Icebreakers

Du wëlls de Wanter richteg genéissen? An der Aletsch Arena bass de genee richteg!

Obs du en erfuerene Snowboarder/ Schifuerer bass oder deng éischt Schwéngung mëss – hei fënnt jiddereen seng Plaz um Bierg! 104 km super präparéiert Pisten erwaarden dech – ideal fir Schi- a Snowboardfans.

Vun Dezember bis Abrëll kanns du dech op bis zu 2869 Meter Héicht op top Schnéibedéngungen verloossen. Hei geet et ëm Spaass, Beweegung an onvergiesslech Momenter an de Bierger.

D’Aventure waart ob dech – bass de prett?

 

Harry Potter goes Olympia

Déi berüümt Zauberschoul zu Hogwarts mécht nees hier Dieren op – dës Kéier fir eppes ni Dogewieschtes: déi éischt magesch Olympesch Spiller!

Wärend eng elektresch a spannungsgeluede Stëmmung an der Loft läit, ass de grousse Sall prett, fir déi sportlech Zauberschüler ze empfänken. Eng magesch Woch waart op dech, gepräägt vu Sport, Aktioun an Teamgeescht – awer Opgepasst: net just deng Muskele ginn op d’Prouf gestallt, och däi Wësse gëtt getest.
Zesumme mat dengem Haus kämpfs du dofir, ween déi meescht Punkte sammelt!

Mell dech séier un – Hogwarts a seng Olympesch Spiller waarden op dech!

 

Vantastic

Hues du Loscht op en Abenteuer?

Dës Vakanz mam Camper bréngt dech an Holland. Natur, Spaass a knusperege Fritte stinn um Programm. All Dag eng nei Etappe – Aktivitéite fir sech ze beweegen, City Sightseeing, nei Frënn kenne léieren a vill weider onvergiesslech Momenter.

Keng Routine, keng Elteren – just du, deng Crew an d’Fräiheet op 4 Rieder. Also prett fir fort?

 

Kanner op Ski

Du wollts schonn ëmmer eemol Schi fueren? Dann ass lo de Moment!

Zesumme mat anere Kanner fiers du dee ganzen Dag Schi. Tëscht Spiller op der Pist oder Aktivitéiten am Chalet, wäerte mir ganz vill Spaass hunn. Schnapp der déng Wallis, do gutt waarm Kleeder un a komm mat eis an d‘franséisch Alpe Schi fueren. An der Regioun Auvergne- Rhône-Alpes erwaart dech een 160 km grousst Schigebitt, dat fir all Niveau gëeegent ass.

 

Silvester am Schnéi

Maach dech prett fir eng onvergiesslech Neijoersch-Aventure zu Les Gets a Frankräich!

Verbréng zesumme mat anere Jugendlechen eng flott Woch an de verschneite franséischen Alpen. Egal ob Schi oder Snowboard- dës Kolonie verbënnt Sport, Spaass an onvergiesslech Momenter an de Bierger.

Daagsiwwer erwaarden dech ofwiesslungsräich Pisten, wonnerschéi Landschaften a vill Action am Schnéi. Owes suerge Spiller, Aktivitéiten an eng flott Gruppenatmosphär fir onvergiesslech Momenter. Zesumme féiere mir Silvester an de Bierger a starte mat villen néien Erënnerungen a Frëndschaften an d’Joer 2027.