Silvester am Schnéi

Préinscription

Zauberwelten

Komm mat eis an d’Zaubewelt vun de Märercher!

Mir beginn eis zesummen op eng spannend Rees duerch verschidde Märercher. All Dag erliewe mir nei Welten, wou mir d’Zauberhelden op hire Missiounen ënnerstëtzen. All Missioun stécht voller Geheimnisser – spilleresch, rätselhaft, kreativ an ëmmer magesch.

Du wëlls dobäi sinn? Da mell dech séier un a gëff en Held!

Nordic Vibes

Eng onvergiesslech Rees a Schweden!

Mam Interrail fuere mir zesummen op Entdeckungstour, fir Stied, déi skandinavesch Atmosphär an impressionant Landschaften ze erliewen.
Tëscht Stadliewen, Bëscher, Séien a grousse fräien Naturflächen erliewe mir Schweden a senger ganzer Villfalt. Ee vun den Héichpunkten ass d’Kanutour iwwer d’Flëss paddele, fir déi laang Summerdeeg voll auszenotzen.

Dës Jugendkolonie steet fir Aventure, Zesummenhalt an nei Erfarungen: eng perfekt Mëschung aus Rees, Natur a Spaass, un déis du dech nach laang erënnere wäerts.

A Kooperatioun mat der Croix-Rouge luxembourgeoise.

 

Lët’z have Fun

Bass du bereet deng Grenzen ze iwwerschreiden an dech selwer erauszefuerderen? Du hues Loscht, nei Plazen zu Lëtzebuerg ze entdecken?
Da looss dech ob dës spannend Rees an. Bei eis gëtt definitiv fir Fun an Action gesuergt. Langweil kënnt bei eis net a Fro, mir sinn ëmmer prett fir eng nei Challenge.

Komm mat an iwwerzeeg dech selwer!

Dolce Vita on Rails

Vu frëscher Biergloft a beandrockende Panoramaaussichten, bis hin zu glizzerende Séien an entspanende Sandstränn. Op dësem Interrail entdecke mir zesumme verschidde Plazen an der Schwäiz, Italien a Frankräich – mat dobäi d’Sonn a mediterrane Flair.

Wann’s du Loscht hues de waarme Süden an déi villfälteg Landschaften zesumme mat eis ze bereesen, da mell dech séier un!

 

Hills Sun and Fun

Wollts du schonn ëmmer eng Kéier Vakanz an de Bierger maachen? Kee Bierg ass dir ze héich? Sichs du néi Erausfuerderungen andeems du mat eis zesummen eng riseg Outdoor Spillplaz wëlls entdecken?

Dann zéck net laang a mell dech un! Et erwaarden dech vill sportlech Erausfuerderungen, Spiller an der Natur, awer och ënner anerem en Ausfluch ob Salzburg an nach villes méi. Sief dobäi an erlief en onvergiessleche Summer mat Gläichalteregen.

 

Aquacamp

Du bass eng Waasserrat a wollts schonn ëmmer eng Kéier Surfen a Seegelen, an dat zesumme mat anere Kanner?

Da komm mat an den Aqua Camp un déi däitsch Ostsee. Hei erwaarden dech nieft dem Waassersport och nach e villfältege Programm wéi Klammen an aner Aktivitéiten.

Mir freeën eis op dech.

Vantastic

Hues du Loscht op en Abenteuer?

Dës Vakanz mam Camper bréngt dech
an Holland. Natur, Spaass a knusperege
Fritte stinn um Programm. All Dag eng nei
Etappe – Aktivitéite fir sech ze beweegen,
City Sightseeing, nei Frënn kenne léieren a
vill weider onvergiesslech Momenter.

Keng Routine, keng Elteren – just du, deng
Crew an d’Fräiheet op 4 Rieder. Also prett fir
fort?

 

Move it !

Let’s move.

Des Kolonie bedeit Beweegung an
Abenteuer. Vu Wanderung iwwert
Schwammen an nach vill méi Aktivitéiten,
déi kee roueg setze loossen. Hei geet et net
nëmmen em Sport, mee och drëms Spaass
ze hu, nei Frënn ze fannen a Freed un der
Beweegung ze entdecken.

Also erof vun der Couch, maach mat a
Move it!