Loscht op eng Zäitrees bei déi al Griechen? Jo! Da looss dech hei um Weekend an déi Zäit zréckversetzen an erlief mat eis a mat neie Kollegen e flotte Weekend mat vill Spaass an Aktivitéiten, wou’s de natierlech och däin eegene Souvenir aus der aler Welt bastele kanns. Mell dech séier un, an da gesi mir eis an der Zäit vum Herkules & co.!
Statut : Ouvert
Indiana Jones – Weekend
Begleet den Indiana Jones op sengem neisten Abenteuer … duerch de Bësch… laanscht geféierlech Höhlen… bis bei déi riseg Waasserfäll … Looss dir dat net entgoen, a mell dech séier un!
Musekswoch I
Stage s’adressant à des jeunes musiciens débutants (m/f) jouant un instrument à vent (flûte traversière, clarinette, saxophone, trompette/bugle, cor, trombone, alto, baryton, tuba) ou la percussion depuis au moins deux années, ateliers instrumentaux, jazz-dance, chant choral et ateliers créatifs.
Musekswoch II
Stage s’adressant à des musiciens de niveau moyen/avancé (m/f) jouant un instrument à vent (flûte traversière, clarinette, saxophone, trompette/bugle, cor, trombone, alto, baryton, tuba) ou la percussion depuis au moins quatre années, ateliers instrumentaux, jazz-dance, chant choral et ateliers créatifs.
Chantons les musiques du monde !ANNULE
Chansons de comédies musicales (Notre Dame de Paris, Starmania,…) chansons de Goldman, du rock, folk, variété française et internationale…, en passant également par le classique.
Zeltkolonie fir eis all II (colonie d’intégration)
Ob am Rollstull oder zu Fouss, dës Kolonie ass grandious! Spillen, bastelen, zelten a sangen,
a vill nei Frënn fannen.
Zu Colmar-Bierg ass och dëse Summer nees eng lass, dofir mell dech séier un a komm mat!
Zesumme wäerte mir vill flott a spannend Abenteuer erliewen, a mir loossen eis de Spaass duerch näischt verdierwen.
Wëlls du eng Woch verbréngen wéi nach ni,
da bass du genee richteg op der Zeltkolonie!
4 Nuechten am Zelt
Um Ufer vun der Sauer schlofe mir a richtegen Zelter. Mir maache flott Spiller, puddelen am Waasser, bastelen a ginn an de Bësch. Och fir gutt Stëmmung beim Lagerfeier ass gesuergt. Looss der dëst Erliefnis net entgoen!
Erliefniskolonie
Hues du Loscht fir 10 Deeg laang Superaktivitéiten matzemaachen? Fir dech mat Kollegen gutt z’ameséieren an eng onvergiesslech Zäit ze verbréngen wou’s du och mat decidéiere kanns wéi eng Atelier’en, Aktivitéiten an Hiken gemaach ginn! Ausserdeem och nach e super Dag mat klammen a Kayak um Stau ze verbréngen? Da mell dech séier op d’Erliefniskolonie un.
Beréngungscamp
D’Natur ronderëm d’ Baggerweiheren kenneléieren an dobäi de Vullenzuch erfuerschen.
Mam Yuri duerch de Weltall
Endlech ass et souwäit: No laangem Fréckelen a vill Gekoschters ass dem Juri seng Rakéit prett fir spannend Reesen op friem Planéiten a Stären. Wann s du de Start vum Juri senger Rakéit wëlls mat erliewen a mat duerch entleeën Galaxien fléien, da mell dech an deng Frënn séier un!