Aqua Camp

Du bass eng Waasserrat a wollts schonn ëmmer eng Kéier Surfen a Seegelen, an dat zesumme mat anere Kanner?

Da komm mat an den Aqua Camp un déi däitsch Ostsee. Hei erwaarden dech nieft dem Waassersport och nach e villfältege Programm wéi Klammen an aner Aktivitéiten.

Mir freeën eis op dech.

Lët’z travel East

Du hues tëscht 14 a 17 Joer a gees gär op Entdeckungsrees? Du wëlls onvergiesslech Momenter mat anere Jonken erliewen?

Dann pak däi Rucksak a bereet dech op eng onvergiesslech Rees mam Zuch fir. Erop op Berlin, wou mer de Spuere vun der däitscher Geschicht noginn. Duerno geet eis Rees weider an den Oste vu Prag op Bratislava, laanscht d’Donau Richtung Budapest. Eise Wee zeréck féiert eis duerch Bierglandschafte vu Graz op München. Als Souvenir bréngs du en Album voller Erënnerungen an de Rucksak voll mat Erfarungen zeréck.

Schreif dech an, a léier deng Kolleege schonn am Virfeld kennen.

 

Lët’z have fun

Bass du bereet deng Grenzen ze iwwerschreiden an dech selwer erauszefuerderen? Du hues Loscht, nei Plazen zu Lëtzebuerg ze entdecken?

Da looss dech ob dës spannend Rees an. Bei eis gëtt definitiv fir Fun an Action gesuergt. Langweil kënnt bei eis net a Fro, mir sinn ëmmer prett fir eng nei Challenge.

Komm mat an iwwerzeeg dech selwer!