Umeldung nei Animateuren

Du bass Animateur*trice oder bass bei enger aanerer Organisatioun am gaangen deng Formatioun ze maachen, an du wells bei eis eng Kolonie matmaachen, dann kanns du dech hei umellen.

Du gëss vun eis kontaktéiert.

 

Wanns du weider Froen hues, kanns du dech iwwert colonies.youngcaritas@cjf.lu mellen.

 

Simsala-Grimm

Tauch mam Doc Croc a Yoyo an déi verzaubert Welt vun de Märercher an!

Zesumme mat Prinzessinnen a couragéierten Helden, ginn d’Kanner op spannend Abenteuer. Duerch fantasievolle Spiller, kreative Bastelaktivitéiten, spannende Geschichten a lëschteger Musek, gëtt dës Minikolonie zu enger onvergiesslecher Rees duerch d’Welt vun de Gebridder Grimm.

De Programm ass op Kanner am Alter vu 4 bis 6 Joer ausgeriicht a luet alleguer d’Kanner dozou an, zesummen ze spillen, ze entdecken an eng schéi Vakanz zesummen ze verbréngen.

 

Harry Potter goes Olympia

Déi berüümt Zauberschoul zu Hogwarts mécht nees hier Dieren op – dës Kéier fir eppes ni Dogewieschtes: déi éischt magesch Olympesch Spiller!

Wärend eng elektresch a spannungsgeluede Stëmmung an der Loft läit, ass de grousse Sall prett, fir déi sportlech Zauberschüler ze empfänken. Eng magesch Woch waart op dech, gepräägt vu Sport, Aktioun an Teamgeescht – awer Opgepasst: net just deng Muskele ginn op d’Prouf gestallt, och däi Wësse gëtt getest.
Zesumme mat dengem Haus kämpfs du dofir, ween déi meescht Punkte sammelt!

Mell dech séier un – Hogwarts a seng Olympesch Spiller waarden op dech!

 

Vantastic

Hues du Loscht op en Abenteuer?

Dës Vakanz mam Camper bréngt dech an Holland. Natur, Spaass a knusperege Fritte stinn um Programm. All Dag eng nei Etappe – Aktivitéite fir sech ze beweegen, City Sightseeing, nei Frënn kenne léieren a vill weider onvergiesslech Momenter.

Keng Routine, keng Elteren – just du, deng Crew an d’Fräiheet op 4 Rieder. Also prett fir fort?

 

Icebreakers

Du wëlls de Wanter richteg genéissen? An der Aletsch Arena bass de genee richteg!

Obs du en erfuerene Snowboarder/ Schifuerer bass oder deng éischt Schwéngung mëss – hei fënnt jiddereen seng Plaz um Bierg! 104 km super präparéiert Pisten erwaarden dech – ideal fir Schi- a Snowboardfans.

Vun Dezember bis Abrëll kanns du dech op bis zu 2869 Meter Héicht op top Schnéibedéngungen verloossen. Hei geet et ëm Spaass, Beweegung an onvergiesslech Momenter an de Bierger.

D’Aventure waart ob dech – bass de prett?