Colonies

28.08.2024 - 09.09.2024


Ardèche goes Provence

Allgemeng Informatiounen


vun Mëttwoch 28 August 2024 bis Méindeg 09 September 2024

Standuert: Mas de la Garonne (F)

Alter: vun 13 bis 17 Joer

Tarif : 930 €


vun Mëttwoch 28 August 2024 bis Méindeg 09 September 2024

Am Süde vu Frankräich léit déi wonnerschéi Regioun Provence. Si beandrockt mat hirer wonnerschéiner Natur an ofwiesslungsräiche Landschaften. Wann's du Loscht hues am hauseegene Pool vun eiser Villa ze schwammen, Kanu fueren ze goen oder villäicht eng Hiel ze besichtegen, da mëll dech séier un. Dës Regioun mat all hire Facetten an néi Kolleege waarden op dech!


Komm mat op dës Aventure.